MPC2022

(Link op d’Versioun ENG a Link op d’Versioun FR)

Aschreiwungen fir de Konsumentdialogdag 2022 sinn elo op!

Maacht mat um Event vum 27. Abrëll an der Abbaye de Neumünster (9.00-17.00)

Wann Dir net perséinlech zu Lëtzebuerg kënnt sinn, da besicht eis w.e.g. um Livestream!
Hei ass de Link: https://gd.lu/1VL0wK

Abschreibung co-creation online: https://gd.lu/8PSQQ

Neie Consumer Agenda

Den neie Consumer Agenda présentéiert eng Visioun vun der EU Verbraucherpolitk bis 2025. A sengem Zentrum stinn d’Besoine vun de Verbraucher en face vun der aktueller Covid-19 Pandemie an d’Zil hir Résilienz ze erhéijen.

D’Konsumente misste kënnen zouversichtlech um Marché unique agéieren. Et ass also logesch si an d’Entwécklung vu Solutiounen anzebannen. Aus dësem Grond organiséiert de Konsumenteschutzministère (MPC), zesumme mat der Europäescher Kommissioun, den 27. Abrëll deConsumer Dialogue.

Besoine vun de Konsumenten

Tëschend Mëtt Februar a Mëtt Mäerz 2022 huet den MPC eng Ëmfro organiséiert fir besser d’Uleiesse vun de Verbraucher ze verstoen. Iwwer 2.500 Léit hunn profitéiert, fir hei matzemaachen.

D’Iwwerleeunge goufen an enger Réih Diskussiounsgruppe verdéiwt, déi wärend dem Mount Mäerz stattfonnt hunn.D’Conclusioune wäerten den 24. Abrëll présentéiert ginn an als Basis geholl fir Léisungen ze entwéckelen wärend de Co-Creatiouns Workshopen, déi extra heifir organiséiert ginn.

Co-Kreatioun Workshop vum 27. Abrëll

Déi gesammelt Donneeë wäerten interessant Indikatiounen zum Etat d’âme vun de Konsumente liwweren an eng exzellent Basis duerstellen, fir nei Virschléi oder Recommandatiounen ze présentéieren, déi dann um Consumer Dialogue kënnen diskutéiert ginn. D’Event ass déi ideal Occasioun fir d’Bierger an d’Institutiounen, hir Besoinen auszedrécken a gemeinsam iwwer Léisungen nozedenken.

De Prozess wäert guidéiert sinn vum Design Thinking: d’Participantë ginn a kleng Gruppen opgedeelt a mat den Defien konfrontéiert, dat ënnert der Form vun „Wéi kéinte mir“ Froen, déi op de Resultater vun der Ëmfro baséieren. Méiglech Léisunge wäerten net nëmmen diskutéiert ginn, mee d’Gruppe wäerten och probéieren, si ze visualiséieren, duerch klenge Croquisen oder Prototypen. Opgrond vun dësem Prozess ginn d’Iddie ausgeschafft, getest a konfrontéiert mat de Reaktioune vun den anere Gruppen, befir si, formuléiert als Recommandatiounen, dem MPC an der Kommissioun présentéiert ginn. Et kann ee sech also op en dynameschen Dag mat ënnerschiddleche Participanten astellen, deen et wäert erlaben, vollkommen nei Pisten auszeprobéieren.

Opgrond vun der sanitärer Situatioun ass de komplette Programm esou ausgeschafft, dass en en présentiell, digital oder hybrid kann oflafen.

Participantë kënnen eng Attestatioun ufroen, déi als Certificat de formation ka genotzt ginn. 

Wann Dir weider Froen hutt, kontaktéiert wgl.: contact@artsquarelab.net

Mei Info:  https://mpc.gouvernement.lu/fr/le-ministere/protjur/cd-2022.html